D’BAUERENZENTRAL BEIM ËMWELTMINISTER
Eng Delegatioun vun der Bauerenzentral huet sech um Mëttwoch mam Ëmweltminister Serge Wilmes getraff. An de Gespréicher goung et ëm d’Nitratdirektiv, Upassungen um Naturschutzgesetz, Kommodo/Inkommodo vun de Bauerebetriber, Ofdeckunge bei de Güllebehälter an d’Opstelle vu PV-Anlagen an aner Theme méi. An enger agreabeler Atmosphäre huet de Minister betount, dass een d’Suerge vun de Bauere ganz eescht géif huelen a gemeinsam mat Secteur géif no praxisorientéierte Léisunge sichen. D’Bauerenzentral ass nom Treffen optimistesch gewiescht, dass nom d’Regierungswiessel erëm eng besser Zesummenaarbecht méiglech ass. #MirLieweLandwirtschaft
Füge diese URL in deine WordPress-Website ein, um sie einzubetten
Füge diesen Code in deine Website ein, um ihn einzubinden